Ouni Rack an ouni Hiem an ouni Box

An Zesummenaarbecht mam Musekerkolleg Jos Pletschet hun ech 2013 "d'HIT-Single" "Ouni Rack an ouni Hiem an ouni Box" opgeholl an op i-tunes virgestallt.

Eleng wéinst deem Lidd krute mir eng Onmass Ufroën vu Veräiner fir et "live" ze spillen.  

Dëst Lidd ass eent vun de klasseschen Lidder déi ni schrëftlech niddergeschriwwe goufen mee dat am Vollek bekannt war. Bei enger Houchzäit wou MillerMoaler 1979 gespillt hat, wor och de Jok vu Garnech (deen eenzegen deen dëst Lidd nach kannt huet). Mee déizäit wor de Jok scho bei Alter an huet d'Saach net esou richteg op d'Rei bruecht. Herno beim Patt ass en du mam ganzen Text erausgeréckt.

Déizäit hat ech mir dat Lidd gemierkt, fir et an de MM Programm ze integréieren.

E Lidd ouni Bedeitong, fir mech awer en "Joke" fir et opzehuelen.

Wéinst dem © kann ech hei den Text net publizéiren.