Déi lëtzebuergesch Folkgrupp, déi den “Al-Eechternoacher” Numm vum Päiperlek dréit,  gouf et an verschiddenen Besetzungen zanter 1977.

De Numm MillerMoaler® stoung (a steet nach haut) fir Symbol a Programm an engem. 

MillerMoaler® hat sech als Zil gesat eng faarweg Palette vu liichten, lëschtegen, romanteschen, méi nodenklechen a melancholeschen Lidder unzebidden, déi hiren Ursprong a ganz Europa haten.

Mat de Joren ass e Repertoire eropgewuess mat villen ënnerschiddlechen Facetten, mat alen an neien Kompositiounen.

D'Uleies war, op verschidde Saachen hinzeweisen, ze erënneren, Lidder nei ze erfannen, se nei ze définéieren, an se domadder als Lidderméchermusek vun an iwwer Lëtzebuerg nei anzebiergeren.

De Schwéierpunkt bei de Lidder läit an der Gesellegkeet, deem Alldeeglechen, mat all sengen Usiichten an Aussiichten déi Lëtzebuerg opweises huet.

Mee dat ass laang hir - dir Kënschtler alleguer  kommt mat enger Hatt voll Neiem a loosst d'Musek weiderhinn an deene schéinsten Téin erklëngen .

Vun 2018 un vertrëtt de Gérard Bintener de Numm MillerMoaler®  an ass mat perséinlechem Engagement musikalesch a gesanglech bei verschiddenen Produktiounen als Komponist a Museker mat derbäi.

Juni (Broochmount)©️gB06/2024

Verschiddenes aus dem Lëtzebuergeschen

Januar : (Haartmount - Lasmant)

- 5. Januar : Dräikinneksdag ( Caspar, Melchior a Balthasar )

- Wann de Frascht am Januar feelt, da bréngen März an Abrëll hir Keelt

- Ass der Dräikinneksdag hell a klor, da gëtt gutt de Wäin an dësem Jor 

Februar : (Spierkel - Kazemount - Schnéimount)

- Vrum Februar sief net baang, en dauert souwisou net laang)

- 24. Februar : Matheis - Matteis - Mattäis

- Sankt Matteis mécht oder brécht d'Äis

- As et op Matteis stiirmesch, da bleift de Wanter bis d'Ouschteren

Mäerz : (Lenzmount).  - Aussenzäit

- 19. Mäerz : Jousefsdag

- Loosst de Krich do wou en ass - mee ënnerstëtzt den Humanismus .
- Si mir dann dichteg, richteg, oder kricheg ?  an dat wir d'Fro (Aufsatz)

 - Op Jousefsdag halen d'Vullen Houchzäit

- Ass et op Jousefsdag hell a klor, da kréie mer e gutt Beiejor

- De Mäerz soll kommen ewéi e Wollef a goen ewéi e Schof

- Fäert de Schnéi net am Mäerz, drënner schléit e waarmt Häerz

Abrëll : (Ouschtermount - Fréileng)

- Op den éischten Abrëll, schéckt een d'Gecke wuer ee wëll

- Abrëll kill a naass, fëllt dem Bauer Scheier a Faass

- Den Abrëll ass wéi e Kannerhënner : bal dréchen - bal naass

 Mee : (Oktavmount - Päischtmount - Bléiemount)

- Reent et am Mee(ä), dann ass den Abrëll verbäi

- Et war esou ëm d'Päischten, 't stung alles an der Bléi,

  an d'Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi  (Renert 1. Gesank)

 Juni : (Broochmount - Rousemount)

- Juni fiicht a warem, mécht kee Bauer arem

 Juli :  (Heemount)

- Fir d'Rief an d'Geess ass kee Juli ze heess

 August : (Karschnatz - Huewermount)

- Wat manner Reen am August, wat méi Wäin

 September : (Hierschtmount)

- Waarmen Hierscht, laange Wanter

- Schuebermëss, Wanter gewëss

- No der Schueberfouer fänkt den Hierscht un

 Oktober : (Wäimount - Gromperemount)

- Vill Niwwel am Oktober, e Wanter mat vill Schnéi

 November : (Niwwelmount - Allerhellgemount - Wantermount)

- Kënnt am November keng Keelt, dann ass et gefeelt

 Dezember : (Chrëschtmount)

- Grénge Chrëschtdag, wäissen Ouschterdag  

- Spéit Rousen an de Gaarden, déi loossen de Wanter waarden

- Neijooschdag hell a kloër, versprécht e glécklecht Joër 

©️ gB 06/2024 🇱🇺🇪🇺