Déi lëtzebuergesch Folkgrupp, déi den “Al-Eechternoacher” Numm vum Päiperlek dréit, gouf et an verschiddenen Besetzungen zanter 1977.
De Numm MillerMoaler® stoung (a steet nach haut) fir Symbol a Programm an engem.
MillerMoaler® hat sech als Zil gesat eng faarweg Palette vu liichten, lëschtegen, romanteschen, méi nodenklechen a melancholeschen Lidder unzebidden, déi hiren Ursprong a ganz Europa haten.
Mat de Joren ass e Repertoire eropgewuess mat villen ënnerschiddlechen Facetten, mat alen an neien Kompositiounen.
D'Uleies war, op verschidde Saachen hinzeweisen, ze erënneren, Lidder nei ze erfannen, se nei ze définéieren, an se domadder als Lidderméchermusek vun an iwwer Lëtzebuerg nei anzebiergeren.
De Schwéierpunkt bei de Lidder läit an der Gesellegkeet, deem Alldeeglechen, mat all sengen Usiichten an Aussiichten déi Lëtzebuerg opweises huet.
Mee dat ass laang hir - dir Kënschtler alleguer kommt mat enger Hatt voll Neiem a loosst d'Musek weiderhinn an deene schéinsten Téin erklëngen .
Vun 2018 un vertrëtt de Gérard Bintener de Numm MillerMoaler® an ass mat perséinlechem Engagement musikalesch a gesanglech bei verschiddenen Produktiounen als Komponist a Museker mat derbäi.
Päischtmount (Bléiemount) MillerMoaler® | all texter gB © 2022
Verschiddenes aus dem Lëtzebuergeschen
Januar : (Haartmount - Lasmant)
- 5. Januar : Dräikinneksdag ( Caspar, Melchior a Balthasar )
- Wann de Frascht am Januar feelt, da bréngen März an Abrëll hir Keelt
- Ass der Dräikinneksdag hell a klor, da gëtt gutt de Wäin an dësem Jor
Februar : (Spierkel - Kazemount - Schnéimount)
- Vrum Februar sief net baang, en dauert souwisou net laang)
- 24. Februar : Matheis - Matteis - Mattäis
- Sankt Matteis mécht oder brécht d'Äis
- As et op Matteis stiirmesch, da bleift de Wanter bis d'Ouschteren
Mäerz : (Lenzmount). - Aussenzäit
- 19. Mäerz : Jousefsdag
- Loosst de Krich do wou en ass - mee ënnerstëtzt den Humanismus .
- Si mir dann dichteg, richteg, oder kricheg ? an dat wir d'Fro (Aufsatz)
- Op Jousefsdag halen d'Vullen Houchzäit
- Ass et op Jousefsdag hell a klor, da kréie mer e gutt Beiejor
- De Mäerz soll kommen ewéi e Wollef a goen ewéi e Schof
- Fäert de Schnéi net am Mäerz, drënner schléit e waarmt Häerz
Abrëll : (Ouschtermount - Fréileng)
- Op den éischten Abrëll, schéckt een d'Gecke wuer ee wëll
- Abrëll kill a naass, fëllt dem Bauer Scheier a Faass
- Den Abrëll ass wéi e Kannerhënner : bal dréchen - bal naass
Mee : (Oktavmount - Päischtmount - Bléiemount)
- Reent et am Mee(ä), dann ass den Abrëll verbäi
- Et war esou ëm d'Päischten, 't stung alles an der Bléi,
an d'Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi (Renert 1. Gesank)
Juni : (Broochmount - Rousemount)
- Juni fiicht a warem, mécht kee Bauer arem
Juli : (Heemount)
- Fir d'Rief an d'Geess ass kee Juli ze heess
August : (Karschnatz - Huewermount)
- Wat manner Reen am August, wat méi Wäin
September : (Hierschtmount)
- Waarmen Hierscht, laange Wanter
- Schuebermëss, Wanter gewëss
Oktober : (Wäimount - Gromperemount)
- Vill Niwwel am Oktober, e Wanter mat vill Schnéi
November : (Niwwelmount - Allerhellgemount - Wantermount)
- Kënnt am November keng Keelt, dann ass et gefeelt
Dezember : (Chrëschtmount)
- Grénge Chrëschtdag, wäissen Ouschterdag
- Spéit Rousen an de Gaarden, déi loossen de Wanter waarden
- Neijooschdag hell a kloër, versprécht e glécklecht Joër
gB 03/2022