Mat der Prodktioun « DuerfLidder » presentéiert MillerMoaler eng Bäkeschdose nei Lidder vu Lëtzebuerg. 

Duerflidder, déi eng, traditionell, déi aner, nei Kompositiounen, Lidder déi sech net ze schued sinn Iech se méi no ze bréngen.

An de Lidder geet ëm eis Géigenden, eis Uertschaften an ëm Wierder déi ee nëmmen op deene verschiddene Plazen erëmfënnt.

Duerflidder woren u sech ëmmer eng Reklamm no baussen, et gouf sech dack mat hinnen gebretzt an opgetrommt, d’Kierch sollt dobäi awer wa méiglech, ëmmer am Duerf bleiwen. 

Aus den Texter geet net ëmmer ervir, ob eppes wiirklech passéiert, no bei der Wourecht oder reng erfonnt wor.

Wiirklech wichteg ass, dat jiddereen herno zefridden ass.

Mir hunn esou schéin Dierfer, loosst se schéin, a loosst se liewen.

© 2016 am Wantermount

MillerMoaler / Museker 2016 :

- Gérard Bintener : Gitar, Gesank, Arrangementer a soss Allerlee Gemuseks

- Jos Pletschet : Mandolin, Gesank, Ënnerstëtzung an Ëmgeréits

- special guest : Christina Meyer : Gesank a Braatsch (alto)

- very special guest : Gaston Konrath+ : Piano 

Cover : Armand Ewert - collection privé 2016 ©

©2016 collection privée

©2016 collection privée

D u e r f L i d d e r :  

MillerMoaler®MusekProduktioun  

Lëtzebuergesch Duerflidder, bekannt a gesongen, kee weess de ganzen Text, an dach sinn d’Weisen an de Käpp vun de Leit.

Fir eist Lidderfeld opzefrëschen huet MillerMoaler d’Iddi ëmgesat, Lidder aus de verschiddensten Dierfer vun hei an d’Realitéit ëmzesetzen. 

Hei DUERF een ‘lo nolauschteren a matsangen.

Duerflidder hu fir jiddereen eppes iwwreg, virun allem Gebuergenheet a Sëcherheet, et fillt een sech doheem et kann ee matschwätzen.